Jean Hamilius

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Jean Hamilius
Jean Hamilius, «Kollaboratioun vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun»-104.jpg
Gebuer 5. Februar 1927
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Liichtathlet, Ekonomist
Partei Demokratesch Partei
Famill
Papp Émile Hamilius
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean Hamilius, gebuer de 5. Februar 1927 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker (DP), an och e Liichtathlet, Olympionik a Manager.[1] Hien ass de Fils vum Émile Hamilius.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Als Kand huet de Jean Hamilius a sengem Elterenhaus, dem Haus Lassner, um Knuedler gewunnt a goung an d'Primärschoul um Aldrenger, duerno an de Kolléisch[2].

Hien hat 13 Joer wéi d'Wehrmacht an d'Stad Lëtzebuerg amarschéiert ass; mat ongeféier 16 Joer gouf hien zesumme mat senge Klassekomeroden bei d'Heimatflak agezunn, enger Unitéit déi ënner dem däitsche Besatzer aus ganzen Klasse vu Studenten bestanen huet, déi als "Luftwaffenhelfer" an der Fligerofwier hu missen hëllefen

No der Liberatioun duerch d'amerikanesch Truppen, den 10. September 1944, huet sech d'Unio'n, eng Organisatioun vu Resistenzler, relativ séier an der Stater Märei etabléiert fir ënner amerikanescher Supervisioun, d'Land ze verwalten.

Duerch säi fréiere Scoutschef Raymond Hagen, dee Generalsekretär vun der Unio'n war, war de Jean Hamilius während der däitscher Occupatioun an d'Unioun opgeholl ginn a war direkt no der Liberatioun mat 17 Joer e Member vun der "Miliz". Kuerz duerno huet hie sech bei den Amerikaner gemellt fir als Dolmetscher ze schaffen a war du mam 46. Infantrie Regiment vun der 5. Panzerdivisioun an Däitschland ënnerwee.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

Nodeems de Jean Hamilius seng Première am Kolléisch gemaach hat, huet hie vun 1946 bis 1950 Ekonomie op der Solvay Brussels School of Economics and Management an duerno nach vun 1950 bis 1951 zu Ithaca, am Norde vun New York op der Cornell University studéiert.

1951 koum hien zréck op Lëtzebuerg an huet säi Militärdéngscht nogeholl.

Berufflech Carrière[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Hamilius huet fir d'éischt eng kuerz Zeit am Familljegeschäft Lassner geschafft, duerno am Hierscht 1952 bei der ARBED ugefaangen, wou hien eng Zäit mat der Vente vun de Produite vun der Diddelenger Schmelz beschäftegt war. Kuerz duerno huet hie gekënnegt an zesumme mat dräi Studiekollegen eng eege Firma opgemaach déi als Experts comptables an dono als Réviseurs d'entreprises an als Organisateurs conseils geschafft hunn. Dat ware Gerbes, Kioes et Cie, Hamilius & Schmitter, Fiduciaire Générale de Luxembourg a Compagnie Fiduciaire (haut Deloitte, EY Luxembourg a BDO).

Sou huet de Jean Hamilius dann och eng ganz Parti vu finanzielle Gesellschaften zu Lëtzebuerg matgegrënnt. De Crédit Européen (haut ING Lëtzebuerg) huet e während ville Joren dirigéiert.

Politesch Carrière[änneren | Quelltext änneren]

1948 ass de Camille Linden un de Jean Hamilius erugetrueden a krut hien iwwerzeegt fir mat Grënnungsmember vun der Jeunesse démocrate et libérale ze ginn. E puer Joer méi spéit ass hie Member am Groupement patriotique et démocratique ginn, dem Virleefer vun der Demokratescher Partei.

Enn vun den 1950er Jore war de Jean Hamilius eng kuerz Zäit Member vum Verwaltungsrot vun der nei gegrënnter Luxair wou hie sech mat aneren dofir agesat huet, datt d'Gesellschaft – déi dunn nach kee Fliger hat – sech fir de Fokker 27 Friendship decidéiert huet. Zur selwechter Zäit huet hie mam Jean Peusch gehollef de Lëtzebuerger Journal ze moderniséieren.

Well säi Papp an der Legislaturperiod 19591964 krank gi war an net méi mat an d'Wale goung, ass de Jean Hamilius dunn 1964 am Zentrum fir d'DP ugetrueden; hie gouf als Véierte gewielt, koum awer net an d'Chamber. Bei de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 aus deenen d'Regierung Werner-Schaus II ervirgaangen ass, gouf hien nees als Véierte gewielt a koum dunn och an d'Chamber.

An der Regierung Thorn-Vouel-Berg war de Jean Hamilius fir d'éischt Minister fir Akerbau a Wäibau a Minister vun den Ëffentlechen Aarbechten (1974 - 1977). Duerno och Ministre adjoint des Affaires Etrangères (1976-1979).

Als Akerbauminister huet hie ë. a. en neit Agrargesetz erausbruecht a war als Bauteminister zoustänneg fir eng Rëtsch wichteg Dossiere wéi z. B. d'Renovatioun vun der Veianer Buerg, dem Bau vum Jean-Monnet Gebai an der Olympescher Schwämm, dem Klenge Kueb asw.

Virun de Chamberwale vun 1979 hat de Jean Hamilius decidéiert fir kee Regierungsposte méi unzehuelen, gouf dunn awer - vun 1979 bis 1981 - ee vun de 6 Lëtzebuerger Deputéierten am Europäesche Parlament.

Hien hat sech 1981 fir d'Gemengewalen an der Stad opgesat, bei deenen hien hanner dem Camille Polfer a Lydie Polfer als Drëtte gewielt gouf. Aus gesondheetleche Grënn huet de Camille Polfer säi Mandat néiergeluecht a seng Duechter Lydie huet de Buergermeeschterposten ugeholl; de Jean Hamilius krut e Posten als Schäffen ugebueden deen hien awer net ugeholl huet; hie blouf Conseiller am Gemengerot vun der Stad.

De Jean Hamilius ass bei de Chamberwalen 1984 nach eng Kéier gewielt ginn, huet säi Deputéiertemandat awer Enn 1987 zu Gonschte vum Jean-Paul Rippinger opginn.

De Sportler Jean Hamilius[änneren | Quelltext änneren]

Zur Zäit vu sengem Studium an der Belsch hat de Jean Hamilius mat Lafen ugefaangen a war e Joer duerno ee vun de beschte Leefer vum Sportveräin op der Uni. Zu Lëtzebuerg war hie Member an der Spora an huet sech haaptsächlech an de Sprintstrecke spezialiséiert.

Hien huet 1951 un de europäesche Studentespiller zu Lëtzebuerg deelgeholl wou hien zesumme mam Josy Barthel, Robert Schaeffer a mam Gérard Rasquin am 4 × 400 Meter Staffellaf hanner Däitschland op déi zweet Plaz koum. Déiselwecht Equipe, mä mam Fred Hammer amplaz vum Josy Barthel, huet am Joer duerno bei den Olympesche Spiller zu Helsinki a Finnland matgemaach[3].

A senger Fräizäit ass de Jean Hamilius ënner anerem Schi gefuer, war Hummerwerfer an der Spora an ass och schnorchele gaangen.

Benevolat[änneren | Quelltext änneren]

Éierenamtlech huet de Jean Hamilius sech zäitweis bei enger Rëtsch Klibb an Associatiounen engagéiert, sou z. B. bei der American Luxembourg Society, beim FC Avenir Beggen, dem gemëschte Chouer vum Conservatoire, dem CAL oder dem MUDAM.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean Hamilius: Luxemburg Im Wandel der Zeiten – Erinnerungen (1927 – 2014). Lëtzebuerg: Editions Guy Binsfeld, 2015. 280 S, ISBN 978-2-87954-290-4.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Hamilius – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Jean Hamilius um site vu sports-reference.com
  2. Quell fir all d'Donnéeen, wann net anescht uginn: Jean Hamilius, „Luxemburg im Wandel der Zeiten: Erinnerungen (1927-2014)“, édition G. Binsfeld, 2014, 276 S.,ISBN 978-2-87954-290-4
  3. De Jean Hamilius op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
  4. 30-06-2008: Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur