Nicolas Estgen

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Luxembourg politic personality icon.svg Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas Estgen
Gebuer 28. Februar 1930
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den Nicolas Estgen, gebuer den 28. Februar 1930 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker.

An de spéiden 1970er Jore war hie President vun der Action Familiale et Populaire.

Hie war vum 14. August 1979 bis den 18. Juli 1994 Member vum Europäesche Parlament,[1] deem säi Vizepresident e vun 1982 bis 1984 a vun 1992 bis 1994 e war.[2]

Den 31. Januar 1995 ass hie fir d'Erna Hennicot-Schoepges an d'Chamber nogeréckelt, wéi déi Ministesch gouf, a war do bis 1999 Deputéierten.

Den Nicolas Estgen war Direkter vun der Dikrecher Hotelschoul, war Member vun etlechen europäesche Vereenegungen an ass President vun den CSV-Senioren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Les anciens Députés luxembourgeois um Site vum Europaparlament
  2. Den Nicolas Estgen um Site vum Europaparlament