Puente de la Constitución de 1812

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuets

De Puente de la Constitución de 1812 (Bréck vun der Verfassung vun 1812), ëmgangssproochleg kuerz Puente de la Pepa genannt, ass eng Stroossebréck, déi déi spuenesch Stad Cádiz mat Puerto Real déisäit vun der Bucht vu Cádiz um Festland verbënnt, an déi esou den Ëmwee iwwer San Fernando am Süde vun der Bucht erspuert. Et ass déi zweet Bréck, nom Puente José León de Carranza, déi dës Fonktioun huet.

Mat enger Spanwäit vu 540 Meter ass et déi gréisste Schréiseelbréck a Spuenien an déi drëttgréisst an Europa (nom Pont de Normandie a Frankräich an der Rio-Andirrio-Bréck a Griichenland. Si ass och, mat 3.095 m (d'Rampebrécke mat agerechent), déi längste Bréck vu Spuenien. D'Haaptbréck selwer huet 1180 m. Si ass 69 m iwwer em Waasser, a gëtt vun zwéin 185 m héijen, rautefërmege Pylonen aus Stolbetong gedroen. Een dovun steet am Mier, deen aneren 60 m u Land, hannert de Quaie vum Hafen.

D'Autobunn op Cádiz (CA-35) geet, als Verlängerung vun der Autopista AP-4 iwwert dës Bréck. Den Numm erënnert un déi éischt spuenesch Verfassung, déi den 19. Mäerz 1812 vun de Cortes de Cádiz, der Assemblée constitutante, ausgeruff gouf. Dëst war op Jousefsdag (op spuenesch ëntsprecht Pepe dem lëtzebuergesche Josy, dofir de Spëtznumm La Pepa).

Den Ingenieurbüro Carlos Fernández Casado, S.L. (CFCSL) huet se ënner der Leedung vum Javier Monterola geplangt.

Si gouf de 24. September 2015 vum Ministerpresident Mariano Rajoy an der Ministesch fir Verkéier an Ëffentlech Bauten, der Ana Pastor, ageweit.

Puentecadiz2.svg

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Puente de la Constitución de 1812 – Biller, Videoen oder Audiodateien