Wikipedia:De Staminee

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Staminee ass eng Plaz fir sech z'entspanen, Froe kënnen ze stellen a sech iwwer de Projet ze renseignéieren.

Regelen
Nuvola apps edu languages.png
  • Éischt Regel: Vergewëssert Iech datt Äre Message och déi ganz Communautéit interesséiert. Wann dëst net de Fall ass, sou benotzt w.e.g. dem Artikel seng respektiv Diskussiounssäit.
  • Zweet Regel: All Feelermeldung gehéiert heihin, mat Datum.
  • Drëtt Regel: Hiweiser op Annoncen an der geschriwwener Press gehéieren heihin.
  • Wann de Server eemol lues sollt sinn, gitt fir d'alleréischt heihi luussen.

Fir datt de Staminee propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir Iech:

  • Setzt d'Saachen an d'Archiv soubal d'Diskussioun ofgeschloss ass
  • Deplacéiert Diskussiounen déi net heihi gehéieren op hir richteg Plaz

Kuckt och[Quelltext änneren]

Nuvola filesystems folder yellow.png Archiv: 2004 - 2005 - 2006 - 2007 - 2008 - 2009 - 2010 - 2011 - 2012 - 2013 - 2014 - 2015 - 2016 - 2017

Aussergewéinleche Meeting[Quelltext änneren]

Samschdes den 20. Januar 2018 ass an der Jugendherberg zu Esch-Uelzecht déi obligatoresch jäerlech Generalversammlung vum Veräin Wikimedia Lëtzebuerg.

Well bei där Geleeënheet schonn en etlech Wikipedianer do sinn ass am Uschloss un déi Versammlung vu 15:30 Auer un, en Treffe vun all de Wikipedianer virgesinn. Jiddwereen ass häerzlechst invitéiert deelzehuelen. An der Jugendherberg ass dofir de Sall Meeting 4 um éischte Stack reservéiert. --Les Meloures (Diskussioun) 09:14, 21. Dez. 2017 (UTC)

D'Escher Jugendherberg ass direkt nieft der Zuch- an der Busgare, an d'Parkhaiser Kennedy a Stadhausplaz si 5 Min. zu Fouss ewech fir déi, déi mam Auto komme wëllen.

User group for Military Historians[Quelltext änneren]

Greetings,

"Military history" is one of the most important subjects when speak of sum of all human knowledge. To support contributors interested in the area over various language Wikipedias, we intend to form a user group. It also provides a platform to share the best practices between military historians, and various military related projects on Wikipedias. An initial discussion was has been done between the coordinators and members of WikiProject Military History on English Wikipedia. Now this discussion has been taken to Meta-Wiki. Contributors intrested in the area of military history are requested to share their feedback and give suggestions at Talk:Discussion to incubate a user group for Wikipedia Military Historians.

MediaWiki message delivery (Diskussioun) 10:46, 21. Dez. 2017 (UTC)

Wikidata-Eegenschaft[Quelltext änneren]

Gudde Moien un alleguer. Hei kënnt dir eng Eegenschaftspropos op Wikidata fannen: http://www.wikidata.org/wiki/Wikidata:Property_proposal/Conseil_de_Presse_Luxembourg_journalist_ID. Zil ass dat ee mat sou enger Proprietéit op Wikidata beweise kann datt een den Titel Journalist a Lëtzebuerg huet a wou (an als wat) de Journalist schafft. --Soued031 (Diskussioun) 13:21, 22. Dez. 2017 (UTC)

Moien, wa se bis "ge-eegenschaftelt" sinn: wat geschéich da mat Journalisten, déi spéiderhin net méi an där Lëscht stinn, z.B. well se pensionéiert goufen? --Zinneke (Diskussioun) 11:54, 19. Jan. 2018 (UTC)
Déi, déi pensionéiert sinn, fënnt een hei. Soss meng eege Meenung iwwer dës Proprietéit: et ass net immens awer e "Beweis" datt ee Journalist ass/war a Lëtzebuerg. (Mini-PS: Dee vum Luxemburger Autorenlexikon ass definitiv besser) --Soued031 (Diskussioun) 15:49, 19. Jan. 2018 (UTC)
Huet den Autorenlexikon en eenheetlecht Format? Da kinnt een iwwerleeën, dat an eng Linkschabloun op all Säit, wou vun engem Auteur rieds geet, hisetzen (sou, wéi op de:wiki fir d'IMDB, z.B.). --Zinneke (Diskussioun) 15:58, 19. Jan. 2018 (UTC)
Net sou séier ;) gëtt muer diskutéiert. Et kann een och elo de Facebook, Twitter + Instagramm vun e puer Lëtzebuerger kréien. --Soued031 (Diskussioun) 16:58, 19. Jan. 2018 (UTC)

Wikipedia Seminär[Quelltext änneren]

Den heiten vum C2DH (Uni Lëtzebuerg) organiséierten Seminär kann vlaicht fir verschidden Wikipedianer interessant sin:

--Corto lu (Diskussioun) 13:56, 18. Jan. 2018 (UTC)

(Se sinn de 27 Februar 2018).

Rankingen[Quelltext änneren]

Moien, RTL Radio an rtl.lu hunn eng Serie iwwer Rankingen zu Lëtzebuerg ugefaangen (deen éischten: Nationalstroossen). Si froen no Suggestiounen fir weiderer. Mir fällt spontan eis Lëscht Héich Konstruktiounen zu Lëtzebuerg an (misst nogekuckt ginn, ë.a. wéinst neie Waassertierm an ofgerappte Sendemasten). Oder déi Gemenge mat de meeschte klasséierte Monumenter (Wikipedia:WikiProjet_National_Monumenter/Tabell) Huet een anere Iddien? Sportler, Mandatsdauer Premierministeren? Wann der e puer beienee kéimen, kinnt vläit ee vun der Wikimedia Ltz Kontakt mat RTL ophuelen? E bësse Promo kann ni schueden. --Zinneke (Diskussioun) 11:48, 19. Jan. 2018 (UTC)

Kënnt muer op den Dësch ;). --Soued031 (Diskussioun) 16:46, 19. Jan. 2018 (UTC)